Servicer
Iwwersetzung
Ech proposéieren Iwwersetzungen, déi op Är Besoinen ofgestëmmt sinn, mat deenen Dir Äert Kommunikatiounszil erreecht. Reaktivitéit, Professionalismus an d'Anhale vun den Delaie si fir mech vum éischte Kontakt bis d'Liwwerung vu gréisster Bedeitung. Bei der Iwwersetzung vun Äre Contenue leeën ech besonnesche Wäert op de Stil, d'Kohärenz an de Choix vun de Wierder, egal ob et sech ëm Publikatiounen, Texter fir Är Internetsäit oder aner Kommunikatiounssupporten handelt.
Ech iwwersetzen englesch, däitsch a spuenesch Texter op Franséisch an op Lëtzebuergesch. Doriwwer eraus iwwersetzen ech och aus dem Franséischen an d'Lëtzebuergescht an ëmgekéiert. Ausserdeem schaffen ech mat engem Reseau vu Fachleit zesummen, fir och Iwwersetzungen an d'Däitscht, d'Englescht an d'Spuenescht ubidden ze kënnen, déi ech gewëssenhaft noliesen, éier ech se ofginn. D'Virdeeler: Iwwersetzungen an ënnerschiddlech Zilsproochen aus enger Hand, gepackaged Präisser, Sproochversiounen, déi openeen ofgestëmmt sinn an eng séier Liwwerung.
Beräicher
- Ëffentlech Verwaltung a Politik
- Industrie, Technologie, Mobilitéit an Ëmwelt
- Kommunikatioun, Marketing a Publicitéit
- Naturwëssenschaften a Medezin
- Sozial-, Bildungs- an Humanwëssenschaften
- Informatiounstechnologie
- Kultur, Literatur a Konscht
Korrekturliesen
De Bléck vu baussen ass ganz wichteg, fir d'Qualitéit an den Impakt vun engem Text ze garantéieren. Ech iwwerliesen all Zort Dokumenter, vu Rapporten an Artikelen iwwer Kannerbicher a Riede bis hin zu Presentatiounen a Broschüren. Mäin Zil ass et, de Stil, de Sazbau, d'Kohärenz an d'Fluiditéit ze optimiséieren, fir Iech kloer Texter, déi sech gutt liesen an op Är Zilgrupp zougeschnidde sinn, ze liwweren.
Ech iwwerhuele perséinlech d'Relecturen op Franséisch an op Lëtzebuergesch. Fir d'Däitscht, d'Englescht an d'Franséischt schaffen ech mat engem Reseau vu fiabelen Aarbechtskolleegen zesummen. Dono liesen ech all Text nach eng Kéier selwer Korrektur, fir sécherzestellen, datt den Zilkontext berücksichteg gouf.
Post-Editing
Beim Post-Editing gëtt en Text, dee vun enger Maschinn iwwersat oder generéiert gouf, iwwerschafft. Dofir gi fachlech Kompetenzen a mënschlecht Feingefill kombinéiert. Bei dëser Tâche handelt et sech besonnesch ëm d'Korrektur vum Sazbau, d'Besäitege vun Onstëmmegkeeten an d'Verbesserung vun der stilistescher Kohärenz.
Ënnertitelung
Fir Är audiovisuell Inhalter fir e breede Public zougänglech ze maachen, schafen ech Ënnertitelen an der Zilsprooch vun Ärer Wiel. Egal, ob et sech ëm Reportagen, Interviewen, Publicitéitsspotten, Filmer oder Documentairen handelt, ech uechten ëmmer op eng optimal Synchronisatioun a Liesbarkeet. D'Ënnertitele stellen ech Iech am SRT-Format oder als Video mat ageblenten Ënnertitelen zur Verfügung.
Korpusiwwersetzung fir KI
Ech iwwersetze Ressourcen, déi fir d'Zesummestelle vun Datebanke fir maschinell Iwwersetzungsoutilen oder KI-baséiert Toole benotzt ginn.
Audio-Transkriptioun
Ech transkribéieren Interviewen, Podcasten, Debatten oder Konferenzen op der Grondlag vun Audio- oder Videodateien. Dir kritt vu mir eng Transkriptioun mat oder ouni Timecoden an Identifizéierung vun de Spriecher.