Profil
Ech fille mech vu jeehier mam Lëtzebuergeschen an dem Franséischen, mengen zwou Mammesproochen, immens verbonnen. Aus dëser Passioun huet sech mäi Beruff ganz natierlech erginn. Haut stellen ech meng Sproochkompetenzen an den Déngscht vun Äre Kommunikatiounsuleiessen. A well Lëtzebuerg fir Méisproochegkeet steet, bidden ech och Sproochservicer fir Däitsch, Englesch a Spuenesch un.
Beruffserfarung
Professionell Iwwersetzerin zënter 2005
Vereedegung
Vereedegt Iwwersetzerin beim Ieweschte Geriichtshaff vu Lëtzebuerg
Diplomer
Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK) — Institut National de Langues (INL), Lëtzebuerg, 2016-2017
DESS „Iwwersetzen a Sproochindustrie” (Diplôme d'études supérieures spécialisées en Traduction et Industries de la Langue) — Institut supérieur de traducteurs et interprètes (ISTI), Bréissel, Belsch, 2004-2005
Iwwersetzerdiplom (Diplôme de traducteur) — Institut supérieur de traducteurs et interprètes (ISTI), Bréissel, Belsch, 2000-2004
Sproochen
Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Spuenesch
Professionell Associatioun
Member vum Lëtzebuerger Iwwersetzer- an Dolmetscherverband (ALTI)