Nadia Taouil

Iwwersetzerin, Korrekturlieserin an Ënnertitlerin

Ech bidde méisproocheg Iwwersetzungs-, Relectures- an Ënnertitlungsservicer fir Clienten aus den ënnerschiddlechste Beräicher un, dorënner ëffentlech Institutiounen um nationalen- a Gemengenniveau, parastaatlechen Acteuren, Kommunikatiouns- a Publicitéitsagencen, Produktiounsfirmen, Commercen a Verlager.

20 Joer Erfarung

Iwwer 7.000.000 Wierder iwwersat

An engem Land, an deem Méisproochegkeet d'Reegel ass, feelt et net u Sproochekenntnisser. Mee doduerch, datt een eng Sprooch beherrscht, garantéiert een awer nach net e fléissend Resultat, dat natierlech kléngt a verëffentlecht ka ginn. Dat gëllt och fir automatiséiert Iwwersetzungen a KI-Toolen. Och wann et sech dobäi ëm gutt Hëllefsmëttel handelt, erfëlle se keng streng Qualitéitskrittären.

Meng Aufgab besteet doran, e Bléck vu baussen op den Text ze werfen an Iech e Produit ze liwweren, dee „fonctionéiert“ a säin Zweck an all spezifeschem Kontext erfëllt. Virun dësem Hannergrond bidden ech Servicer a fënnef Sproochen un: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Spuenesch.

E puer Clienten

Fir eng Präisoffer ze kréien, zéckt net, mech ze kontaktéieren.

E gratissen Devis ufroen