Profil

Iwwersetzungen a Relecturë rëselt een net einfach esou aus der Hand. Fir eng gutt Aarbecht ze leeschten, geet et net duer, datt den Iwwersetzer d'Ausgangs- an d'Zilsprooche gutt beherrscht. E muss och déi néideg Erfarung an d'Wëssen hunn, fir geschéckt mam Text ëmzegoen. D'Endresultat soll en Dokument sinn, dat de selwechten Effekt beim Lecteur erziilt ewéi d'Original, ouni datt e mierkt, datt et sech ëm eng Iwwersetzung handelt.

Dir hutt eng Ufro fir eng Iwwersetzung oder eng Relecture, mee Dir wëllt op Nummer sécher goen? Logesch: Dir wëllt keng Kompromësser agoen, wat d'Qualitéit vun Ärem Text ugeet. Hei kritt Dir en Abléck a mäi Parcours:

Beruffserfarung

Professionell Iwwersetzerin zënter 2005

Vereedegung

Vereedegt Iwwersetzerin beim Ieweschte Geriichtshaff vu Lëtzebuerg

Formatioun

Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK) — Institut National de Langues (INL), Lëtzebuerg, 2016-2017

DESS „Iwwersetzen a Sproochindustrie” (Diplôme d'études supérieures spécialisées en Traduction et Industries de la Langue) — Institut supérieur de traducteurs et interprètes (ISTI), Bréissel, Belsch, 2004-2005

Iwwersetzerdiplom (Diplôme de traducteur) — Institut supérieur de traducteurs et interprètes (ISTI), Bréissel, Belsch, 2000-2004

Sproochekombinatiounen

Iwwersetzungen op Lëtzebuergesch

  • Franséisch ➻ Lëtzebuergesch
  • Däitsch ➻ Lëtzebuergesch
  • Englesch ➻ Lëtzebuergesch
  • Spuenesch ➻ Lëtzebuergesch

Iwwersetzungen op Franséisch

  • Englesch ➻ Franséisch
  • Däitsch ➻ Franséisch
  • Lëtzebuergesch ➻ Franséisch
  • Spuenesch ➻ Franséisch

Professionell Associatioun

Lëtzebuerger Iwwersetzer- an Dolmetscherverband (ALTI)

Spezifesch Iwwersetzersoftware

  • SDL Studio 2021
  • Wordbee
^